De Service fir Nolauschteren a Begleedung vu Mäi Wëllen, Mäi Wee besteet zënter 2017. Am Ufank konnt de Service, wéinst engem Manktem u Mëttelen, seng Leeschtungen nëmme sporadesch an op fräiwëlleger Basis ubidden, duerch verschidde Verwaltungsrotsmembere vun der a.s.b.l., déi an deem Beräich forméiert waren.
Zënter 2020 funktionéiert dëse Service, dank enger Konventioun mam Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, 40 Stonnen an der Woch.
Informatiounen an nëtzlech Dokumenter iwwer d’Stierfhëllef an déi gesetzlech Schrëtt.
Hëllef beim Ausfëlle vun Dokumenter am Zesummenhang mat enger Patienteverfügung an anere Schrëtt.
En Telefonsdéngscht, fir Är Froen ze beäntweren an Iech z’ënnerstëtzen.
Am Eenzelgespréich oder zesumme mat Äre Familljememberen an eise Büroen.
Mir kommen heem, fir Patienten an hir Familljen ze begleeden.
Visitten an Altersheemer, Spideeler oder Fleegestrukturen.
Eng Begleedung, fir Familljen an hir Léifsten an hirer Trauer ze hëllefen.
Zesummenaarbecht mat Dokteren a Fleegepersonal fir eng optimal Begleedung.
Gezielte Formatiounssessioune fir Professioneller am Gesondheets- an Erzéiungsberäich.
Den telefoneschen Accueil vum SEA ass vu méindes bis freides tëscht 09:00 Auer a 17:00 Auer assuréiert.
1b, rue Thomas Edison
Entrée B / 4e étage
L-1445 Strassen
Tél : +352 26 59 04 82
Mail : info@mwmw.lu
Kontaktpersounen:
Amélie Josselin, Direktioun
Pauline Marcel, diploméiert Psychologin
Laure Lanners, diploméiert Psychologin