D’Bestëmmungen zum Liewensenn mussen op follgend Adress geschéckt ginn, fir valabel ze sinn:
Commission Nationale de Contrôle et d’Evaluation sur l’Euthanasie et l’assistance au suicide
p/a Ministère de la Santé L-2935 Luxembourg
D’Enregistréiere bei der Nationaler Kontrollkommissioun ass obligatoresch.
No enger Frist vun ongeféier engem Mount schéckt d’Kommissioun Iech e Bréif, deen d’Enregistréiere vun Ären Dispositiounen bestätegt.
Fënnef Joer nom éischten Aschécke vun der Demande freet d’CNCE Iech per Bréif, ob Dir nach ëmmer mat Ärer Demande averstane sidd.
Wann Dir net reagéiert, bleiwen Är Bestëmmungen zum Liewensenn Äert ganzt Liewe gëlteg (automatesch Verlängerung).
Wichteg ze wëssen : D’ Bestëmmungen zum Liewensenn kënnen zu all Moment erneiert, zeréckgezunn oder ugepasst ginn!
Dat gëllt och, zum Beispill am Fall vun enger Ännerung vun Ärer Adress oder Telefonsnummer oder där vun Ärer Vertrauenspersoun.
Merci, de Sekretär vun der Kommissioun esou séier wéi méiglech doriwwer z’informéieren, per Telefon ënner 2478-5626.