Gesetzer a Bestëmmunge fir d’Enn vum Liewen

Seng Rechter ze verstoen ass e wichtege Schrëtt, fir informéiert Entscheedungen um Enn vum Liewen ze treffen. Dës Säit bitt Iech en Iwwerbléck iwwer déi aktuell gëlteg Gesetzer, besonnesch fir d’Stierfhëllef an d’Assistenz beim Suizid, souwéi d’Patientenverfügung. Eist Zil ass et, Iech kloer an accessibel Informatiounen zur Verfügung ze stellen, fir datt Dir dës Theme mat Rou a Vertrauen ugoe kënnt.

D’Gesetz iwwer d’Stierfhëllef an d’Assistenz beim Suizid

Stierfhëllef:
Dobäi handelt et sech ëm e medezineschen Akt, duerch deen en Dokter bewosst d’Liewe vun enger anerer Persoun op hiren ausdrécklechen a fräiwëllege Wonsch beendegt.

Assistenz beim Suizid:
En Dokter hëlleft bewosst enger anerer Persoun, sech d’Liewen ze huelen, oder stellt hir déi néideg Mëttel dofir zur Verfügung, an zwar op hiren ausdrécklechen a fräiwëllege Wonsch hin.

Et geet drëm, enger Persoun, déi un enger onheelbarer Krankheet leit, den Doud ze ginn oder dobäi ze hëllefen, fir hir Leed an hir Agonie ze verkierzen.

Dat vereinfacht Gesetz iwwer palliativ Fleeg

All Persoun, déi sech an enger fortgeschrattener oder terminaler Phase vun enger schwéierer an onheelbarer Krankheet befënnt, egal wat d’Ursaach ass, huet Zougang zu palliativer Fleeg.

Palliativ Fleeg ass eng aktiv Fleeg, déi enger Persoun um Enn vum Liewen ugebuede gëtt.

Dës Fleeg respektéiert d’Würd an de Choix vun der Persoun um Enn vum Liewen. Si gëtt op eng aktiv, kontinuéierlech a koordinéiert Aart a Weis vun engem multidisziplinären Team geleescht: Dokteren, Infirmieren, Psychologen, Apdikter, Kinesitherapeuten …

D’Zil vun der palliativer Fleeg ass et:

  • De Wéi an aner belaaschtend Symptomer ze linderen,
  • psychologesch a spirituell Aspekter an d’Fleeg z’integréieren,
  • e System vun Ënnerstëtzung unzebidden, fir Familljen an hir Léifsten dobäi ze hëllefen, mat der Krankheet ëmzegoen,
  • d’Liewensqualitéit vun der Persoun um Enn vum Liewen an och déi vun hire Familljen an hiren Léifsten ze verbesseren.

National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun

D’National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun vum Gesetz vum 16. Mäerz 2009 iwwer d’Stierfhëllef an d’Assistenz beim Suizid huet d’Aufgab, déi korrekt Uwendung vun dësem Gesetz ze garantéieren.

Si erstellt d’ d’Aschreiwungsformulairen, déi vun den Doktere mussen ausgefëllt ginn, all Kéiers wann si eng Stierfhëllef duerchgefouert hunn, fir dës kënnen ze iwwerpréiwen an ze kontrolléieren, ob d’Stierfhëllef no de Konditiounen a Prozedure vum Gesetz ausgefouert gouf.

D’National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun erstellt och all zwee Joer e Rapport fir d’Chambre des Députés iwwer d’Uwendung vum Gesetz. Si kann dobäi, falls néideg, Recommandatioune formuléieren.

Schlussendlech këmmert sech d’National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun ëm déi systematesch Registréierung vun den Bestëmmungen zum Liewensenn. Si informéiert den Dokter, deen eng Persoun um Enn vum Liewe betreit, ob esou Bestëmmungen enregistréiert sinn, a gëtt him, wann néideg, Zougang dozou.

Bestëmmungen zum Liewensenn, souwéi all méiglech Ännerung, mussen obligatoresch ageschéckt an enregistréiert gi bei der :

Commission Nationale de Contrôle et d’Évaluation sur l’euthanasie
p/a Ministère de la Santé
L-2935 Luxembourg

+352 247-85626

Brochure: Mäi Wëllen um Enn vum Liewen

Dës Brochure gëtt Iech d’Méiglechkeet, Äre Choix fir d’Enn vum Liewe schrëftlech festzehalen, mam Deel vun der Patientenverfügung souwéi den Bestëmmungen zum Liewensenn.

Mat der Patientenverfügung bestëmmt Dir eng Vertrauenspersoun an Äre Wëllen um Enn vum Liewen.

Dir behaalt d’Original doheem a gitt eng Kopie un Är Vertrauenspersoun.

Déi Patientenverfügung gëtt net beim Ministère de la Santé enregistréiert.

D’Bestëmmungen zum Liewensenn sinn eng viraus formuléiert Ufro fir eng Stierfhëllef, fir de Fall, datt Dir Iech zu engem spéideren Zäitpunkt an Ärem Liewen an engem Zoustand vun irreversibeler Bewosstlosegkeet befanne géift, no dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft, a gläichzäiteg un enger schwéierer an onheelbarer Krankheet oder Verletzung géift leiden.

Schreift Är Bestëmmungen zum Liewensenn am beschten esou laang Dir nach dozou fäeg sidd an a gudder Gesondheet sidd.

En Accident oder eng plëtzlech Krankheet kënnen Iech an eng Ofhängegkeetssituatioun bréngen, wéi zum Beispill eng laang Bewosstlosegkeet, an där Dir Äre Wëllen net méi ausdrécke kënnt. Wann Dir Äre Wëllen net am Viraus schrëftlech festgehalen hutt, riskéiert Dir, datt aner Persounen an Ärem Numm entscheeden.

Är Bestëmmungen zum Liewensenn musse schrëftlech festgehale ginn, datéiert a vun Iech selwer ënnerschriwwe sinn.

Et handelt sech ëm en Dokument, dat am bloen Deel vun der Brochure „Mäi Wëllen um Enn vum Liewen“ steet. Dir kënnt et och direkt ënnen op dëser Säit eroflueden!

  • Op enger éischter Säit gitt Dir Ären Numm a Virnumm, Äre Gebuertsdatum a Gebuertsuert souwéi Är national Matricule un.
  •  

Dir kënnt och Detailer notéieren fir de Fall, an deem Dir eng Stierfhëllef wëllt kréien.

  • Op enger zweeter Säit vum offiziellen Dokument kënnt Dir fakultativ Donnéeën uginn, wéi Är Vertrauenspersoun oder Äre Choix fir d’Begriefnis.
  •  

Dir hutt also d’Méiglechkeet, eng Vertrauenspersoun unzeginn an dobäi och hir privat Donnéeën ze notéieren. Dës Persoun këmmert sech drëm, datt Är Bestëmmungen zum Liewensenn respektéiert ginn, falls Dir an engem Zoustand vun irreversibeler Bewosstlosegkeet sidd, wéi zum Beispill bei engem Koma oder engem kierperlechem Versoen, an där Dir Äre Wëllen net méi ausdrécke kënnt.

Et ass wichteg, seng Vertrauenspersoun gutt ze wielen, si am Viraus iwwer Äre Choix z’informéieren a mat hir iwwer Är Wënsch a Wëllen ze schwätzen.

Et ass ganz wichteg, Ären Hausdokter iwwer Äre Wëllen z’informéieren an hien ze froen, ob hie bereet ass, Iech am Fall vun engem Besoin ze hëllefen. Soss wäert et un Iech oder un Ärer Vertrauenspersoun sinn, en Dokter ze fannen, deen Äre Choix respektéiert.

Wann d’Bestëmmungen zum Liewensenn ausgefëllt sinn:

  • Maacht verschidde Kopië vum ënnerschriwwenen Dokument.
  • Gitt eng Kopie un Äre Partner, e Familljemember oder Är Vertrauenspersoun.
  • Gitt eng Kopie un Ären Hausdokter oder behandelenden Dokter a schwätzt mat him iwwer Är méiglech Suergen am Zesummenhang mam Enn vum Liewen.
  • Am Fall vun enger Hospitalisatioun, gitt eng Kopie bei der Opnam an der Klinik of, mat der Ufro, dës an Ärem medezineschen Dossier ze placéieren.
  • A virun allem: schéckt d’Original un d’National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwer d’Euthanasie an d’Assistenz beim Suizid.

D’Enregistréiere vun den Bestëmmungen zum Liewensenn:

D’Bestëmmungen zum Liewensenn mussen op follgend Adress geschéckt ginn, fir valabel ze sinn:

Commission Nationale de Contrôle et d’Evaluation sur l’Euthanasie et l’assistance au suicide

p/a Ministère de la Santé L-2935 Luxembourg

D’Enregistréiere bei der Nationaler Kontrollkommissioun ass obligatoresch.

No enger Frist vun ongeféier engem Mount schéckt d’Kommissioun Iech e Bréif, deen d’Enregistréiere vun Ären Dispositiounen bestätegt.

Fënnef Joer nom éischten Aschécke vun der Demande freet d’CNCE Iech per Bréif, ob Dir nach ëmmer mat Ärer Demande averstane sidd.

Wann Dir net reagéiert, bleiwen Är Bestëmmungen zum Liewensenn Äert ganzt Liewe gëlteg (automatesch Verlängerung).

Wichteg ze wëssen : D’ Bestëmmungen zum Liewensenn kënnen zu all Moment erneiert, zeréckgezunn oder ugepasst ginn!

Dat gëllt och, zum Beispill am Fall vun enger Ännerung vun Ärer Adress oder Telefonsnummer oder där vun Ärer Vertrauenspersoun.

Merci, de Sekretär vun der Kommissioun esou séier wéi méiglech doriwwer z’informéieren, per Telefon ënner 2478-5626.

Demande fir eng Stierfhëllef an Assistenz beim Suizid

Fir datt Är Demande fir eng Stierfhëllef oder Assistenz beim Suizid zu Lëtzebuerg legal ass, mussen déi follgend Konditiounen erfëllt sinn:

  • Dir musst am Moment vun der Demande bei Bewosstsi sinn.
  • Dir musst volljäreg a juristesch handlungsfäeg sinn: dat heescht, datt Dir net vum Geriicht als onfäeg erkläert gi sidd, Är eegen Entscheedungen ze treffen.
  • Dir musst Är Entscheedung ouni externen Drock geholl hunn.
  • Dir musst Iech an enger medezinescher Situatioun ouni Auswee befannen, ouni Perspektiv op Verbesserung, als Folleg vun engem Accident oder enger Krankheet, an dës Situatioun muss no dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft irreversibel sinn.
  • Dir musst kierperlech oder psychesch ënner Ärer Gesondheetssituatioun leiden.
  • Är Demande muss schrëftlech festgehale ginn, Är perséinlech Donnéeën enthalen, datéiert a vun Iech ënnerschriwwe sinn.
  • Dir kënnt Är Demande zu all Moment zeréckzéien. Si gëtt dann aus Ärem medezineschen Dossier erausgeholl an Dir kënnt se zeréckkréien.