D’Patienteverfügung gëtt duerch d’Gesetz iwwer palliativ Fleeg, d’Patienteverfügung an d’Begleedung um Enn vum Liewe gereegelt. De Patient kann do seng Wënsch am Zesummenhang mat sengem „natierlechen“ Liewensenn festhalen, dat heescht ouni Afloss op den Zäitpunkt vum Doud.
D’Patienteverfügung erméiglecht et, déi liewenserhaalend Moossnamen auszeschléissen.
D’Bestëmmungen zum Liewensenn dogéint ginn duerch d’Gesetz iwwer Stierfhëllef an Hëllef beim Suizid gereegelt. Et handelt sech dobäi ëm eng am Viraus festgehalen Demande fir eng Stierfhëllef, fir de Fall, datt een sech spéider am Liewen an engem irreversibele Bewosstlosegkeetszoustand befënnt, no dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft, a gläichzäiteg un enger schwéierer an onheelbarer accidenteller oder pathologescher Krankheet leit.
D’Bestëmmungen zum Liewensenn mussen obligatoresch bei der Nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun registréiert ginn, fir valabel ze sinn.
D’Bestëmmungen zum Liewensenn musse schrëftlech festgehale ginn, datéiert a vun der betraffener Persoun ënnerschriwwe ginn, ausser wann dës Persoun aus permanente kierperleche Grënn net méi fäeg ass ze schreiwen oder z’ënnerschreiwen.
D’ Bestëmmungen zum Liewensenn mussen obligatoresch bei der Nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun registréiert ginn.
MWMW steet Iech gratis zur Verfügung, fir Iech beim Opsetze vun Ärer Patienteverfügung an Äre Bestëmmungen zum Liewensenn ze hëllefen an ze beroden :
Tél. 26 59 04 82
Mail info@mwmw.lu ou secretaire@mwmw.lu
D’Gesetz gesäit keng spezifesch Gëltegkeetsdauer vir. D’National Kontroll- an Evaluatiounskommissioun schéckt awer all 5 Joer eng Erënnerung, fir datt d’Persoun iwwerpréiwe kann, ob si nach ëmmer mat hire Wënsch averstanen ass.
D’Bestëmmungen zum Liewensenn kënnen zu all Moment erneiert, zréckgezunn oder ugepasst ginn.
All Ännerung muss der Nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun matgedeelt an do registréiert ginn.
Beim Opstelle vun de Bestëmmungen zum Liewensenn kann all Persoun eng volljäreg Vertrauenspersoun bestëmmen.
D’Vertrauenspersoun ass d’Spriechpersoun vum Patient, wann dësen sech net méi ausdrécke kann. Si äussert keng perséinlech Meenung, mee informéiert de behandelnden Dokter iwwer de Wëlle vum Patient, esou wéi de Patient sech hir géigeniwwer leschtens geäussert huet.
D’Bestëmmungen zum Liewensenn sinn eng am Viraus festgehalen Demande fir eng Stierfhëllef, fir de Fall, datt de Patient sech spéider am Liewen an engem irreversibele Bewosstlosegkeetszoustand befënnt, no dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft, an un enger schwéierer an onheelbarer accidenteller oder pathologescher Krankheet leit, an datt dës Situatioun no dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft irreversibel ass.
D’Gesetz verlaangt follgend Grondconditiounen:
D’Gesondheetsproblemer vum Patient kënnen aus all Krankheet oder Affektioun entstoen, déi onerdrobar physesch oder psychesch Leed verursaacht.
An de meeschte Fäll handelt et sech ëm fortgeschratt Kriibserkrankungen oder neuromuskulär Krankheete mat déidlecher Lähmung, mee et kann sech och ëm all aner schwéier, onheelbar an irreversibel Affektioun handelen, déi déi gesetzlech Konditiounen erfëllt.
Keen Familljemember a keen Dokter däerf iwwer eng Stierfhëllef decidéieren. Nëmmen déi Persoun selwer, déi d’Ufro mécht, kann den Dokter ëm Hëllef fir e schmerzfräie Stierwe froen, virausgesat datt d’Bedingunge vum Gesetz erfëllt sinn.
Wann eng Vertrauenspersoun designéiert gouf, dann decidéiert si net selwer a schwätzt och net am eegenen Numm, mee si muss den Dokter iwwer de Wëlle vum Patient informéieren.
Wann den Dokter sech op seng Gewëssensfräiheet berifft, ass hie verflicht, de Patient an/oder d’Vertrauenspersoun bannent 24 Stonnen doriwwer z’informéieren an de Dossier un e Kolleeg weiderzeginn, deen duerch de Patient, d’Vertrauenspersoun oder eng Persoun no hirer Wiel designéiert gëtt.
D’Gesetz erkennt d’Gewëssensfräiheet vum Dokter un. Hien ass also fräi, eng Euthanasie oder Hëllef beim Suizid duerchzeféieren oder net. Den Dokter kann esou en Akt aus perséinlechen Iwwerzeegunge refuséieren.
D’Gewëssensfräiheet ass awer eng individuell an net eng institutionell Fräiheet. E Spidol, Fleeg- oder Rehabilitatiounszenter kann sech also net valabel op dës Fräiheet beruffen, fir engem Dokter ze verbidden, bannent der Institutioun eng Euthanasie oder Hëllef beim Suizid duerchzeféieren, wann d’gesetzlech Bedéngungen erfëllt sinn.
E Patient, deen am Ausland wunnt an e behandelden Dokter zu Lëtzebuerg huet, dee fir Euthanasie ass, kann de Patient seng Bestëmmungen zum Liewensenn opsetzen an enregistréiere loossen, well d’Gesetz keng Conditioun betreffend Wunnsëtz oder Nationalitéit virgesäit.
De Patient muss awer eng Plaz fannen, wou d’Stierfhëllef oder Hëllef beim Suizid duerchgefouert ka ginn, ausser hien ass hospitaliséiert.
D’Gesetz gesäit vir, datt den Dokter nëmmen da mat enger Stierfhëllef oder Hëllef beim Suizid hëllefe kann, wann d’Ufro vun engem volljäregen, handlungsfäegen a bewosste Patient kënnt — entweder am Moment vun der Ufro oder beim Opsetze vun de Liewensenn-Dispositiounen.
Weder e Mannerjäregen nach eng volljäreg handlungsonfäeg Persoun kann op valabel Aart a Weis eng Euthanasie oder Hëllef beim Suizid ufroen.
Mam gläichzäitege Vote vum Gesetz iwwer palliativ Fleeg an deem iwwer Stierfhëllef an Hëllef beim Suizid wollt de Gesetzgeber engersäits ënnersträichen, datt alles gemaach soll ginn, fir déi palliativ Fleeg weider auszebauen. Anerersäits wollt hien de Patienten d’Fräiheet ginn, selwer iwwer d’Modalitéite vun hirem Liewensenn ze entscheeden.
Gläichzäiteg sollten d’Dokteren, déi enger Ufro fir eng Stierfhëllef oder Hëllef beim Suizid entspriechen an dobäi d’gesetzlech Conditioune respektéieren, viru strofrechtlecher Verfollgung geschützt ginn.
D’Gesetz vum 16. Mäerz 2009 iwwer Stierfhëllef an Hëllef beim Suizid mécht et also méiglech, ze stierwen, wann de Patient säi Leed als onerdréiglech empfënnt. Dës Méiglechkeet ass eng Äntwert op e Wonsch, dee vun engem Deel vun der Ëffentlechkeet souwéi vun engem Deel vun de Gesondheets- a Rechtsberuffer ausgedréckt gouf.